Video – Besuch an der Maternité – Zougänglech Versioun

„Aleedung“ an d’HRS-Clinique Bohler – Pôle Femme, Mère, Enfant

Bonjour an häerzlech wëllkomm an den Hôpitaux Robert Schuman-Clinique Bohler. Dir bréngt an eiser Maternité Äert Kand op d’Welt – hei invitéieren mir Iech op eng Visite vun verschidden Servicer vum Pôle Femme, Mère, Enfant.

Parkingen

D’Entrée vum Haaptparking ass am Sous-Sol -2 vum Hôptial Kirchberg. De Parking ass 24h/24 op an Dir fuert iwwer d’rue Joseph Leydenbach eran. Um Niveau -1 ginn et Plaze mat engem spezielle Logo, déi fir déi zukünfteg a nei Eltere reservéiert sinn.

De Parking Adagio, deen Dir niewent der Clinique Bohler fannt, kann eng Alternativ fir am Dag sinn. D’Entrée ass iwwer de Boulevard Pierre Werner. Iwwer d’Adagio-Gebai kommt Dir an d’Clinique Bohler eran. Dësen Accès ass an der Nuecht zou.

Direkt virun dem Haaptaccueil vun der Clinique Bohler gëtt et eng Parkméiglechkeet, wou een nëmme kuerz däerf hale bleiwe fir séier kënnen an d’Clinique ze kommen. Dës Plaz muss awer erëm esou séier ewéi méiglech fräigemaach ginn.

Receptioun

Wann Dir an d’Clinique Bohler kommt, musst Dir Iech an der Receptioun um Rez-de-Chaussée umëllen (w.e.g een Ticket huelen). D’Receptioun ass vu méindes bis freides vu 06:30 bis 21:00 Auer, d’Weekender an d’Feierdeeg vu 07:00 bis 21:00 Auer op.

Vergiesst nët fir all Admissioun, Är Carte d‘identité oder Äre Pass, Är Krankekeeskärtchen, Är Zousazversécherung an Är Schwangerschaftsënnerlagen matzebrengen. Bei Ärer Admissioun gëtt Ärt Zëmmer ausgewielt.

Wann Dir an der Nuecht an d’Clinique Bohler kommt, kënnt dir direkt Kontakt mam Personal vun der Salle d’accouchement huelen iwert eng Schell an eng Kamera, déi dobaussen niewent der Säitendier fir d‘Nuecht sin.

Wann d’Receptioun zou ass an Dir iwwer de Sous-Sol erankommt, steet Iech den Noutruff-Telefon am Hall zur Verfügung.

Espace „séances prénatales“

Den Espace „séances prénatales“ am Sous-Sol vun der Clinique Bohler bidd een Austausch op d‘Virbereedungen op d’Gebuert an Therapieméiglechkeeten no der Gebuert un. Dëss verschidde Coursen ginn vun der Clinique a senge Partner ugebuede.

Dir kënnt an engem gemittleche Wartesall op d’Animatrice vun den Coursen waarden. All d’Offere vun de pre- a postnatale Course fannt Dir online op www.hopitauxschuman.lu (Rubrik „La préparation à la naissance“ wou Dir Iech och direkt aschreiwe kënnt.

Poliklinik

D’Poliklinik gynéco-obstétricale ass oft Är éischt Ulaafstell an eisem Haus. Dëse Service, deen d’Pre-Hospitalisatioun, d’pre- an d’postnatal Consultatiounen an d’Noutfäll ëmfaasst, fannt Dir um Rez-de-Chaussée an ass vu méindes bis freides vu 07:00 bis 19:00 Auer, d’Weekender an d’Feierdeeg vun 08:00 bis 18:00 Auer op.

No Ärer Umëlldung an der Receptioun kënnt Dir Iech un d‘Sekretariat vun der Poliklinik d’Entrée A wënnen.

D‘Dokteren an d‘Fleegepersonal iwwerhëlt d’Betréiung vun den zukünftege Mammen: Pränatalscreening,           d‘Schwangerschaftsiwerwaachung, d’Noutfäll, d’Prise en charge bei den éischte Wéien. Fir all dës Aktivitéiten sin speziell Raim an der Poliklinik virgesin.

Zwee Raim si fir 3-D-Ultraschallënnersichungen virgesin. Dës Consultatioune ginn, op Rendez-vous, vun engem Dokter spezialiséiert an fötalen Ultraschallënnersichunge mat innovativen Ultraschall-Geräter duerchgefouert.

An der Poliklinik huelt Dir och e Rendez-vous fir, z.B. de virgebuertlechen Entretien mat enger Hiewan oder fir f‘Consultatioun mat engen Anästhesist.

Iwwer d’Entrée B vun der Poliklinik kommt Dir an en aneren Deel vum Gebai fir aner Consultatiounen, z.B. fir den Zockertest.  

D’Betreiungspersonal ass och no der Gebuert fir Iech do. An der Woch vun 13:00 bis 16:00 Auer kënnt Dir e Rendez-vous fir Stëllberodung ausmaachen.

Schwangerschaftstherapie

De Pôle Femme, Mère, Enfant huet e spezielle Service fir d’Behandlung an d’Iwerwaachung vun Risikoschwangerschaften.

Um 2. Stack am Service Gynäkologie gin an 12 Better (Eenzel- an Duebelzëmmeren) déi zoukünfteg Mammen betréit, déi spezifesch Problemer an hirer Schwangerschaft hun.

Salle d’accouchement

D’Salle d’accouchement ass e Fachberäich, deen een Operatiounssall an d’Neonatologie ëmfaasst. D’Maternité, déi um 1. Stack vun der Clinique Bohler ass, ass 24h/24 zougänglech. Schellt w.e.g. fir Iech unzekënnegen.

D’Dokteren an d‘Fleegepersonal begleet an ënnerstëtzt d’Koppele bei der Gebuert. Si sin och bei der Gebuertshëllef fir Iech do, an an Noutfäll wann d’Poliklinik zou ass.

E gemittleche Wartesall steet der Famill zur Verfügung.

An deenen 6 Gebuertssäll gidd Dir vun engem Dokter- an Fleegeteam an engem waarmhäerzegen a séchere Ëmfeld betréit.

D’Säll sinn all mat engem confortabelen Accouchementsbett, dat einfach ze handhaben ass a verschidde Positiounen erlaabt, equipéiert. Sou wéi engem Raum fir de Puppelchen, engem Relax an engem fötale Monitoring, dee mat der Iwwerwaachungszentral verbonnen ass.

D’Hiewan begleet Iech an dee Sall, deen am beschten Ärem Gebuertswonsch entsprécht.

Verschidden Hëllefsmëttel – e Seel un dat Dir Iech hänke kënnt, e Ball, e Stull an eng Bidden kënnen op Wonsch de Verlaaf vum Accouchement ënnerstëtzen an esou d’Rutschen vum Puppelchen an de Becken vereinfachen.

Fir d’Gebuert esou intim ewéi méiglech ze halen, ginn déi éischt Soine vum Bëbee an dem Gebuertssall direkt niewent den Eltere gemaach.

Wann de Puppelche besonnesch Soine braucht, ginn dës an engem adaptéierten Beräich vum Service gemaach.

Am Fall vun engem Keeserschnëtt kënnt Dir Iech am Operatiounssall op eng erfueren Equipe verloossen.

Eis Prioritéit ass et, de Lien tëschent dem Neigebuerenen a sengen Elteren ze favoriséieren an ze privilegiéieren. Bei an no der Gebuert ënnerstëtzen d’Dokteren an d’Fleegepersonal Iech beim Opbau vum Lien Elteren-Kand.

Maternité

Den Openthalt an der Maternité ass fir Iech an Äre Conjoint e privilegiéierte Moment, bei deem Dir Äre Puppelche kenneléiert. Fir de Lien tëschend der Mamm an dem Puppelchen ze favoriséieren ginn all d’Soinen, esouwäit ewéi méiglech, am Zëmmer duerchgefouert.

De Papp vum Puppelchen gëtt vum éischten Moment un an d’Betréiung vum Kand an an d’Begleedung vun der Mamm mat abezunn. Dofir steet dem Papp e Raum zur Verfügung, deen Dag an Nuecht zougänglech ass, wou hie sech ëm säi Puppelche këmme kann wann d’Mamm e bësse Rou brauch. An den Eenzelzëmmere kann de Papp och bei der Mamm an dem Bëbee iwwernuechten.

De Service Maternité, um 3. Stack an der Clinique Bohler, verfüügt iwwer 33 Zëmmeren, dovun 27 Eenzelzëmmeren a 6 Duebelzëmmeren.

Eis Eenzel- an Duebelzëmmeren, déi mat ëmweltfrëndleche Materialer renovéiert goufen, bidden Iech den néidege Confort fir Ären Openthalt. All Zëmmer huet e Buedzëmmer an eng Plaatz fir d‘Soin vum Puppelchen.

De Puppelche kann entweder an e gewéinlecht Bettche geluecht ginn, oder an e Bett, dat hallef op ass an un d’Bett vun der Mamm ugepasst ka ginn.

En Iesssall ass zu all Moment vum Dag zougänglech. De Moieskaffi gëtt a Form vun engem Buffet tëschent 07:00 an 10:00 Auer proposéiert. Déi aner Moolzechte ginn am Zëmmer zerwéiert.

Um Stack fannt Dir och en Espace wou Dir Iech entspane kënnt mat Automaten mat kal a waarm Gedrénks.

Am Adagio-Fligel vun der Maternité ginn et d’Eenzelzëmmeren „Première Classe Supérieure“, an deenen Dir vun enger Premium Hotellerie-Offer profitéiert. Dës Zëmmere si mat modernen an elegante Miwwel equipéiert. All d’Moolzechte ginn am Zëmmer zerwéiert.

Een Mataarbeschter aus der Receptioun ass an der « Adagio-Lobby“ vun 09:00 bis 17:00 fir Iech do.

Matzen am Adagio-Fligel gëtt et och en oppenen Espace, wou ee sech begéinen an austausche kann.

Am Raum „Nouveau-Né“ ënnersicht e Pediater Äert Kand den Dag no der Gebuert an um Dag, wou Dir Heem gitt. Dëse gesécherten Raum verfüügt och iwwer Couveusen, am Fall wou Äre Puppelchen eng méi genee Iwwerwaachung vun e puer Stonne brauch.

D’Dauer vun der Hospitalisatioun läit bei 3 bis 4 Deeg fir d’natierlech Gebuerten a bei 4 bis 5 Deeg am Fall vun engem Keeserschnëtt. D’Sortieën ginn all Dag vun der Woch organiséiert, och d’Weekender an d’Feierdeeg, jee no Ärem Gesondheetszoustand an deem vun Ärem Bëbee a mam Accord vum Gynekolog a Pediater.

Neonatologie

De Service vun der Neonatologie, deen no bei der Salle d’accouchement läit, ass e spezialiséierte Service, dee sech ëm d’Puppelcher këmmert, déi ze fréi, tëschent 32 an 37 Schwangerschaftswochen, op d’Welt komm sinn oder Bëbeeën, déi termingerecht gebuer goufen awer eng besonnesch Iwwerwaachung a besonnesch Soine brauchen.

Wann Dir méi iwert d’Neonatologie wësse wëllt, kënnt Dir de Video „Le service de néonatalogie“ um Site Acteurdemasante.lu kucken.